Ech sinn d'Anouk, gebuer am Abrëll 1984. Wéi ech 2009 mat mengem Bouf schwanger war, war et vir mëch intuitiv kloer dat ech mai Kand och droe wéilt. An esou ass nët nëmme mäi Jong gebuer ginn mä och eng Droleidenschaft. Am Laaf vun der Zait hunn ech ëmmer méi gemierkt waat d'Droen dem Kand a mir bruecht huet: ech haat e rouegt an ausgeglachend Kand waat säin néidegen Kierperkontakt kritt huet an war awer nach mobil a flexibel. Et ass einfach herrlech och duerch dat déckstent Gewulls ze kommen oder duerch de Bësch ouni dat eng Kutsch stieche bliwwen ass. 

Mat der Zait hunn ech mech och ëmmer méi mat gesondem Droen ausernee gesaat an och méng éischt Droberodung an Usproch geholl. Ech hu mech scho getraut mäi Bouf vun 7 Méint um Réck ze droen mä et war net sou festgezunn dat ech mech wierklech sëcher gespiert hunn. Déi Droberodung war wierklech e Schlësselerliewnis: mat vill Tipps an Tricks am Gepäck konnt ech mäi Kand perfekt droen. Spéidstens ab deem Zäitpunkt wollt ech mech ausbilde loosen an och aaneren Leit och doranner ënnerstëtzen hier Kanner ze droen.

 

Mäi Meedchen ass 2012 op d'Welt komm an ass ausschliesslech en Tragling gewiescht. Wann ech mat sengem Brudder gespillt hunn, hunn ech hat op de Reck gebonnen an haat eng schéin Mama-Jong-Zäit. 

 

Am Juni 2014 war et dann endlech souwait. D'Trageschule Hamburg huet zu Köln eng Grondausbildung ugebueden. Et war en immens intensive Weekend a mir hunn nët nëmmen d'Droen mam Droduch thematiséiert mä eis och duerch all déi gudd Drohëllefen duerchgetest déi et hautzudaags get. Esou ass vir all Droenden an all Bebe oder Kand eppes dobai. Wëll droen ass nët nëmmen eppes vir Neigebuerener mä och méi grouss Kanner profitéieren dovunner.

 

An dësem Sënn: Happy Babywearing! Ech free mech Iech an Är Bébéen oder méi grouss Kanner ze beroden.

 

 

 

Formatiounen

 

  • Grondcours bei Trageschule Hamburg zu Köln am 06/2014
  • Aufbaucours bei Trageschule Hamburg zu Köln am 08/2014