Wéi leeft iwwerhaupt eng Droberodung of?

 

Dir hutt mech per Mail oder Telefon kontaktéiert an dann klären mir am Viraus of waat vir eng Zort vu Berodung Dir gären hätt (Schwangereberodung/ Duch/ Drohëllefen/...). Ech stellen Iech dann e puer weider Froen vir dat ech mëch genau op Är Bedürfnisser astelle kann.

 

Duerno kommt Dir entweder bei mech heem (zu Bettenduerf) oder ech bei Iech. Zu all Moment steet d'Kand am Mëttelpunkt (d.h. wann dir Niert oder Wéckele musst da maache mir einfach eng Paus). 

Als éischt démonstréieren ech Iech déi verschidden Droen/Wéckeltechniken unn enger Popp an erklären Iech déi verschidde Schrëtter. An duerno sidd Dir drunn mat der Popp  a speiderhinn mam Kand selwer.

 

Dëst dauert ongeféier 1.5 bis 2h.

 

Als Ofschloss kritt dir nach e Video wou déi geléiert Bindetechnik drobber ass. (am Moment dréinen ech nach d'Videoen )

 

Duerno stinn och och vir weider Froen per Mail oder Telefon bereed. Zéckt nët mech ze kontaktéieren wann eppes net richteg klappt